NewsEU ënnerstëtzt Frankräich a Punkto US-Stroftaxen

D'USA menacéiere Frankräich mat Stroftaxe vu bis zu 100%. D'EU stellt sech hannert hire Memberstaat.

Leschten Update: 03.12.2019, 23:36:48

© Pixabay

No der US-Menace géint Frankräich, datt ee franséisch Importer mat Stroftaxe vu bis zu 100% beleeë wëll, hält Europa dogéint: D'EU stellt sech hannert Frankräich.

E Spriecher vun der EU-Kommissioun sot, datt een als Eenheet reagéiere wäert, falls Washington entspriechend Moossnamen decidéiert. Et wier een an enkem Kontakt mat Frankräich, fir eng Léisung ze fannen, mat där béid Säiten averstane wieren.

Duerch d'Steier fäerten d'USA, datt amerikanesch Internet-Entreprisë wéi Amazon, Google a Facebook  diskriminéiert ginn. 
Concernéiert vun dëse Stroftaxe wieren ënner anerem bestëmmte Kéiszorten an och Schampes.