PISA 2018Keng grouss Iwwerraschungen, Liese bleift weider onbeléift

Mat der PISA-Etüd sollten och 2018 d’Kompetenze tëscht de Schüler an de Lëtzebuerger Schoule mat deenen aus den aneren OECD-Länner verglach ginn.

Leschten Update: 03.12.2019, 23:37:32

© Eldoradio

D’lescht Joer goufe fir eng 7. Kéier d’Kompetenze vun de Schüler um Enn vun hirer obligatorescher Schoulcarrière mat Hëllef vun der PISA-Etüd evaluéiert. Ronn 5.500 Jonker hu vum 17. Abrëll bis den 18. Mee a 44 Schoulen un de PISA-Tester deelgeholl. D’Schüler konnten dobäi tëscht Franséisch an Däitsch als Sprooch fir d’Tester wielen.

Ëmmer liicht ënnert der OECD-Moyenne
Allgemeng hunn d'Schüler zu Lëtzebuerg am Verglach zu den aneren OECD-Länner an den 3 Beräicher Liesen, Wëssenschaft a Mathe liicht méi schlecht wéi d'Moyenne ofgeschnidden.

Virun allem de Fait, dass iwwer e Véierel vun de Schüler zu Lëtzebuerg net oder nëmmen den nidderegste Kompetenzniveau erreechen, stécht aus de Resultater däitlech ervir. An de Regierungsconseiller am Educatiounsministère Lex Folscheid huet bei der Presentatioun vun de Resultater gesot, dass ee grad do misst Efforte maache, fir dësen Deel vun der Schülerpopulatioun opzefänken.

Lauschtert hei de ganze Reportage!

Leeschtungsënnerscheed scho fréi an der Schoulcarrière
Weider géif sech dat bestätegen, wat schonn aus de standardiséierten Epreuven ervir gaangen ass, nämlech, dass sech de Leeschtungsecart scho fréi an der Schoulcarrière manifestéiert.

D’Loscht op Liese geet iwwerdeems allgemeng zeréck, d’Jonge liesen dobäi manner gär fir den eegene Pleséier wéi d’Meedercher. E wichtege Facteur zu Lëtzebuerg wier donieft och den héijen Taux u Schüler mat Migratiounshannergrond am Verglach zu den aneren OECD-Länner an de Fait, dass fir 83% vun de Schüler d’Sprooch an deenen d’Tester verfaasst ginn, net déi Sprooch ass, déi se doheem schwätzen.

Vill Facteuren a Specificitéiten net berécksiichtegt
Den Impakt vun dëse Faite géif an der PISA-Etüd net berécksiichtegt ginn, dofir wier d’Plus-value op Lëtzebuerg limitéiert.

Fir déi nächste Kéier wäert Lëtzebuerg 2024 un enger PISA-Etüd deelhuelen. Et géif een och mat anere Regioune mat vergläichbare Specificitéite kucken, fir zesummen e Monitoring auszeschaffe fir esou dës Schoulsystemer besser vergläichen ze kënnen.