NewsAuto rennt an englesche Schülergrupp, 1 Doudegen

An der Grafschaft Essex nërdlech vu London ass e Mann mat sengem Auto an e Grupp vu Schüler gerannt an huet dobäi een 12-Järegen ëmbruecht.

Leschten Update: 03.12.2019, 09:24:30

© dpa AFP Archiv Hauke-Christian Dittrich

Zu Essex bei London ass een Auto e Méindeg an e Grupp vu Schüler gerannt. Een 12-Järegen ass dobäi ëm d’Liewe komm, 5 weider Schüler an eng Fra vun 23 Joer goufe blesséiert. D’Police huet den 51 Joer ale Chauffer vum Auto festgeholl. Géint hie gëtt wéinst Mord a versichtem Mord ermëttelt. D’Ermëttler ginn dovunner aus, dass de Mann säin Auto mat Absicht an de Mënschegrupp an der Géigend vun enger Schoul gesteiert huet. D'Motiv vun der Dot ass nach onkloer.