NewsHandye wärend Concert an der Rockhal geklaut

Wärend engem Concert an der Rockhal goufen Handye geklaut. Weider Affer, déi nach keng Plainte gemaach hunn, sollen sech bei der Escher Police mellen.

Leschten Update: 03.12.2019, 23:31:27

© Eldoradio

De Méindeg den Owend goufe während engem Concert an der Rockhal direkt e puer Handye geklaut. Dofir sicht d'Police no Zeien, déi eppes Verdächteges gesinn hunn.

Leit, déi hiren Handy geklaut kruten an dat nach net gemellt hunn, sollen sech bei der Police vun Esch (Tel. 244-50-1000) mellen. Dofir sollt een déi 15-stelleg IMEI-Nummer vum Handy matdeelen.

Et hätten sech nämlech eng 30 bis 40 Leit bei der Rockhal beschwéiert. Wéi d'Police op der Plaz war, wieren awer just nach zwou bis dräi Persounen do gewiescht, déi sech manifestéiert hunn.

Dofir sollen sech weider Affer elo mellen, fir dass d'Ermëttlunge kënnen opgeholl ginn.