NewsBesëtz vun hallefautomatesche Waffe bleift verbueden

De Privatbesëtz vun hallefautomatesche Schosswaffe bleift an der EU trotz enger Klo vun Tschechien verbueden, dat de Riichter no aus Sécherheetsgrënn.

Leschten Update: 03.12.2019, 14:12:38

© Eldoradio

De Privatbesëtz vun hallefautomatesche Waffe bleift an der EU weider verbueden. Tschechien hat géint dës Bestëmmungen, déi no den Uschléi vu Paräis verschäerft goufen, geklot.

Den Dënschdeg huet den Europäesche Geriichtshaff zu Lëtzebuerg d'Klo dunn ofgewisen an d'Entscheedung mat der ëffentlecher Sécherheet argumentéiert.

Déi eenheetlech Reegele fir d'Schengen-Staate wiere Viraussetzung fir e fräien Handel mat Schosswaffen. Et misst awer méiglech sinn dës Reegelen un nei Situatiounen ënnert dem Sécherheetsaspekt unzepassen.