News3 Gemengen am meeschte vun Drogekriminalitéit betraff

Esch, d'Stad an Ettelbréck – dat sinn déi Gemengen an deenen sech d'Drogekriminalitéit zu Lëtzebuerg besonnesch staark manifestéiert.

Leschten Update: 03.12.2019, 14:24:05

© Eldoradio

D'Stad Lëtzebuerg, Esch an Ettelbréck sinn déi 3 Gemengen an deenen d'Drogekriminalitéit sech am däitlechste manifestéiert. Dat geet aus der Äntwert vun den zoustännege Ministeren op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte Fernand Kartheiser ervir.

Weider géif et sech bei den Dealere meeschtens ëm jonk Männer aus Nord- a Westafrika handelen, déi kee feste Wunnsëtz zu Lëtzebuerg hunn a virun allem mat Kokain handelen. Opfälleg wier och, dass e groussen Deel vun den Dealeren Asyldemandeuren a Frankräich wieren oder awer eng Openthaltsgeneemegung aus Italien oder Spuenien hunn an sech domat fräi an der EU beweege kënnen.

Iwwerdeems goufen d'lescht Joer 237 Persoune wéinst Drogendelikter festgeholl, 261 Persoune goufe veruerteelt.

Links