NewsKritik u Claude Meisch wéinst Schüler-Rees op Dubai

Den Deputéierten no muss ee sech ënnert anerem an Zäite vun der Fridays-For-Future-Beweegung froen, ob esou eng Rees ubruecht ass.

Leschten Update: 03.12.2019, 18:37:44

© Eldoradio Archiv

Ass eng Rees op Dubai dee richtege Kaddo fir Schüler, déi bei engem Konscht-Concours matmaachen? Dat hunn en Dënschdeg direkt e puer Deputéiert den Educatiounsminister Claude Meisch am Kader vun enger Froestonn gefrot.

Och de Mouvement écologique huet dat Ganzt am Virfeld kritiséiert. Et kéint ee Jonker net an e Land schécken, an deem d'Mënscherechter mat Féiss getrëppelt ginn. Och de Volet vum Klimawandel gouf an deem Kader natierlech ugeschwat.

De Minister sot, datt den Echange tëscht verschidde Kulturen am Fokus steet an datt déi ugeschwate Sujete behandelt a vun de Schüler reflektéiert solle ginn. 
Dem Claude Meisch no steet d'Vëlkerverstännegung am Mëttelpunkt an dat géif net zu Fouss an och net mam Schlauchboot goen.

De Minister Claude Meisch

Hannergrond ass d'Weltausstellung 2020 zu Dubai, un där Lëtzebuerg jo deelhëlt.