NewsNato-Staate bezeechne China als Erausfuerderung

Den Nato-Sommet zu London ass no 2 Deeg e Mëttwoch op en Enn gaangen.

Leschten Update: 04.12.2019, 18:53:17

© AFP/Archiv/GEORGES GOBET

E Mëttwoch ass den 2-Deeg-laangen Nato-Sommet zu London op en Enn gaangen. An der gemeinsamer Ofschlosserklärung gouf d'Ausso vun en Dënschdeg confirméiert, datt ee China als grouss Erausfuerderung géif gesinn. Et geet awer och vun enger Chance riets, esou d'Erklärung vun den Nato-Memberstaaten.

De Gros vun de Staats- a Regierungscheffen huet sech zefridde gewisen. Wéi et vun der däitscher Bundeskanzlerin Merkel heescht, hätt een e puer Differenze kënnen aus dem Wee raumen.

Der Däitscher Presse-Agence louch schonn en Dënschdeg en Entworf vir, an deem d'Nato-Memberstaate fir eng éischte Kéier China als méiglech Menace ernimmen.

Deemno soll drastoen, datt China souwuel eng Chance wéi och eng Erausfuerderung duerstellt, op déi een als Allianz reagéiere muss. Konkret geet et hei ëm de wuessenden Afloss an och déi international Politik vu China.