NewsPersoun no déidlechem Accident op der A6 festgeholl

E Méindegowend ass e Camion an d'Enn vun engem Stau op der Areler A6 Richtung Stad gerannt. 2 Fraen hunn net iwwerlieft. Eng Persoun gouf festgeholl.

Leschten Update: 07.01.2020, 17:58:23

© Police

Nom déidlechen Accident e Méindegowend op der Areler A6 huet d'Police am Laf vum Dënschdeg matgedeelt, datt de presuméierte Responsabele vum Accident och blesséiert ginn ass.

Wéinst den Ëmstänn gouf dës Persoun op Uerder vum Parquet festgeholl. Donieft handelt et sech bei béiden Doudesaffer ëm Fraen. De Parquet hat eng Autopsie ugefrot fir d'Identitéiten an den Oflaf vum Accident ze klären.

Wéi d’Police e Méindegowend matgedeelt hat, war géint 19 Auer op der Héicht vun der Ausfaart Stroossen ee Camion an d’Enn vun engem Stau gerannt. Dobäi goufen zwee aner Camionen an zwee aner Autoen anenee gedréckt. D‘Chauffere vun den zwee Autoen hunn d’Accident net iwwerlieft. D’Autobunn a Richtung Stad war wéinst den Opraumaarbechten an den Ermëttlunge bis en Dënschdeg 6 Auer moies gespaart.

© Police

© Police