NewsZweiwel u geneeëm Oflaf vu Virfall zu Schieren

E Samschdeg koum et zu Schieren zu enger Ausernanersetzung tëscht engem Vëlo- an engem Autofuerer. Ma de geneeën Oflaf konnt net gekläert ginn.

Leschten Update: 14.01.2020, 20:02:13

© Eldoradio

Nodeems d'Police den 12. Januar en Zeienopruff wéinst enger Ausernanersetzung tëscht 2 Persounen erausginn huet, konnt déi éischt Meldung net bestätegt ginn. Ufanks hat et geheescht, datt e Samschdegowend en Autosfuerer e Vëlosfuerer tëscht Schieren an Ettelbréck op d'Busspuer gedrängt soll hunn.

Am Kader vun den Ermëttlunge konnt dat awer net ouni Zweiwel confirméiert ginn. Ma trotzdeem koum et tëscht béide Parteien zu Sträit. Eventuell Zeie solle sech nach ëmmer bei der Police ënnert der Telefonsnummer  (+352) 244-80-1000 mellen.

Dat hei ass d'Meldung, déi den 12. Januar publizéiert ginn ass:

Wéi d'Police e Sonndeg de Moie matdeelt, sicht si no Zeien no enger Ausernanersetzung tëscht zwou Persounen e Samschdeg den Owend op der Kräizung zu Schieren a Richtung Ettelbréck, op der Héicht vun der Zigarettefabrick.

Wéi d'Police schreift, soll en Autofuerer e Vëlosfuerer op d'Busspuer gedrängt hunn. De Cyclist, deen nach virum Auto war, huet den Automobilist wëllen op säi Verhalen uschwätzen. Doropshin ass den Automobilist e puer Mol hannertenee géint dat hënnescht Rad vum Vëlo gerannt, wat beschiedegt ginn ass.

Op der Plaz sollen Zeien de Virfall gesinn hunn. Dës gi gebueden, sech bei der Police vun Dikrech/Veianen ze mellen. D'Telefonsnummer ass den (+352) 244-80-1000.