NewsFranséische Premier fuerdert en Enn vun de Protester

An engem Interview mat France 2 huet de franséische Premier Edouard Philippe een Enn vun de Protester géint d'Pensiounsreform gefuerdert.

Leschten Update: 13.01.2020, 04:56:02

© Thomas SAMSON / POOL / AFP

De franséische Premier Edouard Philippe huet een Enn vum wochelaange Streik gefuerdert. Den Opruff vun de Gewerkschaften, mat de Protester virunzefueren, géif nëmmen an eng Sakgaass féieren, esou de Premier am Interview mat France 2.

D’Regierung hat virdrunner Zougeständnesser un d’Demonstrante gemaach. Sou wëll ee virleefeg drop verzichten, dass d’Fransouse eréischt mat 64 Joer déi voll Pensioun solle kréien. Ofschafe wëll een awer weiderhin déi vill Spezial-Reegelungen, fir de Pensiounssystem ze vereenheetlechen. Vill Beruffsgruppe fäerten doduerch finanziell Nodeeler.

De Weekend iwwer hate landeswäit nees zéngdausende Mënsche géint d’Pensiounsreform demonstréiert.