Von der Leyen zu LëtzebuergFinanzen a Klima stoungen am Mëttelpunkt

Nieft dem Klima war de Méindeg bei enger Entrevue tëscht der EU-Kommissiounspresidentin an dem Lëtzebuerger Premier de Finanzkader vun der EU en Thema.

Leschten Update: 13.01.2020, 18:44:53

© Eldoradio

Op hirem Tour duerch déi europäesch Haaptstied, huet d'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen haut e Stopp zu Lëtzebuerg ageluecht. Do ass se de Méindeg de Muere vum Groussherzog empfaange ginn, ier dann eng Entrevue mam Premier Xavier Bettel um Plang stoung. Bei dësem Gespréich ass et virrangeg ëm d'Finanzpolitik vun der EU, de Brexit an de Klimaschutz gaangen. An do huet d'Kommissiounspresidentin Lëtzebuerg als e Virbild fir déi aner Länner genannt

Atomenergie ass net d'Léisung
Lëtzebuerg begréisst d'Ziler vum Klimapak vun der EU, dat sot virop de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel. D'Zil fir bis 2050 klimaneutral ze sinn, géif net nëmme Schwieregkeete ma och Opportunitéite mat sech bréngen. Et géif een awer bedaueren, dass verschidde Memberlänner als Léisung nach ëmmer d'Atomenergie am Kapp hätten. Esou wier een der Meenung, dass nëmmen 100% erneierbar Energien d'Léisung sinn.





Gratis ëffentlechen Transport als couragéierte Schratt
Si hätt Respekt virun den Entscheedungen, déi Lëtzebuerg a Saache Klimaschutz bis ewell geholl huet, esou d'Ursula von der Leyen. Et wiere couragéiert Schrëtt, grad mam Bléck op de gratis ëffentlechen Transport. Lëtzebuerg hätt domat eng Virbildfunktioun iwwerholl an d'Kommissiounspresidentin hofft, dass aner Länner ähnlech Weeër ginn.



Milliardenhéich Investitiounen an de Klimaschutz als Chance
Donieft ass et awer och ëm de sougenannte „European Green Deal“ mat Investissioune fir de Klimaschutz a Milliardenhéicht gaangen. Genee esou wéi de Premier huet d'Von der Leyen deen och als Wuesstëmsstrategie an als Chance bezeechent, fir a propper Energien ze investéieren, zum Virreider an der Welt ze ginn an duerno dat Wësse kënne weider ze ginn.





Den Dënschdeg wäert dann d'Grondlag fir d'Investitioune presentéiert ginn. A Saache Brexit huet d’von der Leyen betount, dass een natierlech weider Kolleege wier, ma d’EU a Groussbritannien missten elo en neie Wee goen. Et géif vu Groussbritannien ofhänken, wéi no ee wéilt mat der EU zesumme schaffen a wéi wäit d’Land prett wier, sech un d’Reegele vun der Unioun ze halen.

Lauschtert hei de ganze Reportage:


Beim Grand-Duc Henri hat d'Ursula von der Leyen e Méindeg de Moien eng Audienz, dat am Palais an der Stad.

© Cour grand-ducale / Claude Piscitelli

© Cour grand-ducale / Claude Piscitelli