NewsMarc Esper: Keng Beweiser fir Ugrëffspläng op US-Ambassaden

Den US-Verdeedegungsminister Esper soll keng konkret Beweiser gesinn hunn, dass den Iran US-Ambassaden ugräife wollt.

Leschten Update: 13.01.2020, 06:43:06

© AFP / Jim Watson

Den US-Verdeedegungsminister Marc Esper huet d’Aussoe vum President Donald Trump relativéiert, dass den Iran Attacken op US-Ambassade geplangt hätt.

Den Esper sot géintiwwer dem Teléssender CBS, hien hätt keng konkret Beweiser gesinn, dass den iranesche Generol Soleimani, Attacken op US-Ambassade geplangt hat.

De President wier dovunner iwwerzeegt gewiescht, dass den Iran 4 amerikanesch Ambassaden ugräife wollt. Dat hätt den Trump selwer aus den Erkenntnisser vun de Geheimdéngschter erausgelies, an eng déidlech Attack op de Soleimani decidéiert.