NewsFeelalarm erféiert Awunner bei Atomkraaftwierk a Kanada

Ferm erféiert waren am Kanada Awunner, déi bei engem Atomkraaftwierk wunnen. Si kruten eng Warnmeldung iwwert ee "Virfall" am Atomkraaftwierk.

Leschten Update: 13.01.2020, 07:43:19

© dpa / AFP / Archiv / Hauke-Christian Dittrich

Ee Feelalarm huet d’Awunner, déi bei engem Atomkraaftwierk a Kanada liewen, nawell ferm erféiert. Millioune Mënschen an der Provënz Ontaria kruten e Sonndeg via Smartphone an Email eng Warnmeldung iwwert een "Tëschefall“ am Atomkraaftwierk Pickering bei Toronto.

No enger Stonn gouf et vun der Bedreiwer-Entreprise Entwarnung. Et hätt sech ëm ee „Feeler“ gehandelt. Fir d’Bevëlkerung oder d’Ëmwelt bestéing keng Gefor. D’Provënzregierung vun Ontario huet sech fir d’Pann entschëllegt an eng Enquête ageleet. D’Warnmeldung gouf deemno iertemlecherweis bei enger Noutfall-Übung verschéckt.