NewsLuuchteradare wäerte keng zousätzlech Kamerae kréien

D'Luuchteradaren, déi zu Lëtzebuerg wäerte getest ginn, ginn anescht wéi a Frankräich net zousätzlech nach mat Kameraen ausgerëscht.

Leschten Update: 13.01.2020, 16:41:24

© Eldoradio

Fir déi sougenannte Luuchteradaren, déi jo fir eng Testphas op d'Stäreplaz an op de Schlammestee solle kommen, si keng weider Optioune virgesinn. Dat äntwert de Mobilitéitsminister François Bausch op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte Mars Di Bartolomeo.

D'Radaren, déi de Moment zu Lëtzebuerg analyséiert ginn, wieren net mat deenen a Frankräich ze vergläichen, déi Videoen opzeechne fir nach aner Infraktiounen ze erkennen.
Déi zu Lëtzebuerg kéinten nëmmen zwou Saachen, nämlech d'Vitesse moossen an iwwerwaachen, ob en Automobilist duerch Rout fiert.

Links