NewsCSSF warnt viru falscher Entreprise

Eng Entreprise gëtt op direkt zwee Sitten un hei zu Lëtzebuerg hir Servicer unzebidden. Ma der Iwwerwaachungskommissioun ass se net bekannt.

Leschten Update: 13.01.2020, 18:26:57

© Screenshot cbaconseil-lu.com

D'Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur warnt de Moment virun enger Entreprise, déi virgëtt hire Sëtz hei zu Lëtzebuerg ze hunn. Ma wéi et vun der CSSF heescht, wier d'Entreprise, déi sech op direkt zwee Sitten als CBA Conseil presentéiert net hei am Land ugemellt.

Dobäi hätt se och den Numm vun der Investissementsentreprise CBA Conseil, déi am Grand-Duché ugemellt an zougelooss ass, geklaut. Dës hätt awer näischt mat där Entreprise op de béide Sitten ze dinn.

Liest hei de ganze Communiqué:

La Commission de Surveillance du Secteur Financier (CSSF) met en garde le public à l’égard des sites Internet www.cbaconseil-lu.com et www.cbaconseil.net où une entité inconnue se présente sous la dénomination CBA Conseil, prétend être établie au Luxembourg et offre des services de gestion de patrimoine et d’investissement.
La CSSF informe le public que l’entité qui se présente sur ces sites Internet comme CBA Conseil n’est pas régulée par la CSSF et ne dispose d’aucun agrément pour la prestation de services d’investissement ou d’autres services financiers au ou à partir du Luxembourg.
La CSSF tient à préciser que l’entreprise d’investissement CBA Conseil, dûment agréée au Luxembourg conformément à la loi du 5 avril 1993 relative au secteur financier et soumise à la surveillance de la CSSF, n’a aucun lien avec les sites Internet visés par l’avertissement.