NewsTrotz Hausse vu Spritpräisser am Januar klammen d'Accisen

U sech wëllt een den Ecart zur de Spritpräisser an den Nopeschlänner méi kleng maachen. Dofir wäert déi annoncéiert Hausse op d'Accise wuel awer kommen.

Leschten Update: 13.01.2020, 18:30:42

© Eldoradio

D'Regierung wäert d'Präisser an eisen Nopeschlänner an d'Entwécklung vun den internationale Mäert wat Diesel a Bensin ugeet virum Hannergrond vun der Hausse vun den Accisen a Consideratioun huelen. Dat äntweren de Finanz- an den Energieminister op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte Gilles Roth.

Rezent ware Bensin an Diesel jo aus verschiddenen Ursaachen däitlech an d'Luucht gaangen. Dat wier awer an allen EU-Länner esou, esou d'Ministeren. Deemno géif den Ecart tëscht dem Präis hei am Land an den Nopeschlänner awer nach ëmmer grouss bleiwen. Ma d'Zil ass et jo, fir eben dësen Ecart duerch d'Hausse vun den Accisen op Diesel a Bensin méi kleng ze maachen.

Et géif een op all Fall awer déi international Entwécklungen an d'Iwwerleeungen iwwer de Montant an den Zäitpunkt vun der am Dezember annoncéierter Hausse vun den Accise mat abezéien.

Et hätt een iwwerdeems als Regierung schonn eng Rëtsch Mesurë geholl, fir d'Hausse vum Sprit sozial ofzefiederen, ënner anerem wieren d'“Frais de déplacement“anescht wéi virgesinn net geännert ginn.

Links