NewsQueen ënnerstëtzt Pläng vun Harry a Meghan

D'Meghan an den Harry hate jo de Mëttwoch erkläert sech wëlle vun hire royale Verflichtungen ze distanzéieren an en „onofhängegt“ Liewen ze féieren.

14.01.2020, 04:34:37

© Tolga AKMEN / AFP

De brittesche Prënz Harry a seng Fra Meghan dierfen sech aus dem brittesche Kinnekshaus zeréckzéien. Dat huet d’Queen e Méindeg no enger Krisesëtzung gesot. Et wäert eng Iwwergangsphase ginn, an där déi jonk Famill souwuel Zäit a Kanada wéi och a Groussbritannien verbréngt, heescht et an enger Erklärung vun der Queen. Si géing hire Wonsch, méi onofhängeg ze gi verstoen, och wann si léiwer gehat hätt, dass d’Koppel Vollzäit-Membere vun der Kinneksfamill bleift.