NewsOp d'mannst 30% vun der Äerd sollen Naturschutzgebidder sinn

D'UNO huet e Plang fir méi Naturschutzgebidder virgeluecht.

Leschten Update: 14.01.2020, 05:14:08

© Pixabay

Op d’mannst 30 Prozent vun der Äerduewerfläch solle bis 2030 ënner Naturschutz gestallt ginn. Dat geet aus engem UNO-Projet ervir deen e Méindeg verëffentlecht gouf. Sou soll dofir gesuergt ginn, dass d’Ausstierwe vun Aarten, sou wéi d’Zerstéierung vun Ökosystemer gebremst gëtt.

Fir op d’mannst 10 Prozent vun der Äerduewerfläch, déi fir d’Erhale vun der Aartevillfalt besonnesch wichteg ass, sollen deemno besonnesch streng Schutzmesure gëllen.

De Plang soll am Oktober bei der Biodiversitéits-Konferenz vun der UNO am chinesesche Kunming gepréift ginn. Engem UNO-Rapport vum Mee 2019 no, si ronn eng Millioun Déieren- a Planzenaarte vum Ausstierwe menacéiert.