News"Klimahysterie" ass däitscht Onwuert vum Joer 2019

Scho fir déi 29. Kéier gouf an Däitschland d'Onwuert vum Joer gewielt. D'Jury huet sech fir de Begrëff "Klimahysterie" decidéiert.

Leschten Update: 14.01.2020, 14:05:49

© dpa/dpa/picture-alliance/Frank Rumpenhorst

Dat däitscht Onwuert vum Joer 2019 ass "Klimahysterie". Mam Wuert géifen "d'Klimaschutz-Beméiungen an d'Klimaschutz-Beweegung diffaméiert an Debatten diskreditéiert ginn".

Dat ass d'Erklärung vun der Jury en Dënschdegmoien, déi aus Sproochewëssenschaftler vun der Technescher Uni vun Darmstadt zesummegesat ass. Lescht Joer gouf de Begrëff "Anti-Abschiebe-Industrie" zum Onwuert vum Joer erkläert.

Zënter 1991 gëtt all Joer e Begrëff erausgesicht, deen der Jury no géint d'Prinzippie vun der Demokratie a géint d'Dignitéit vum Mënsch verstéisst.