NewsEng hallef Millioun fir e Laude vum Big Ben den 31. Januar

Ëmmer erëm gouf gefuerdert, dass d'Klack vum Big Ben um Dag vum Brexit soll lauden. Ma dat gëtt wuel en deiere Spaass fir déi, déi d'Steiere bezuelen.

Leschten Update: 14.01.2020, 17:12:40

© Adrian DENNIS / AFP

Wann et dem Wëlle vum britesche Premier Boris Johnson no geet, da wäert déi berühmte Klack vum Big Ben beim Austrëtt vum Land den 31. Januar lauden. Dat trotz enorme Käschte vu ronn 500'000 Pond, respektiv 582'000 Euro.

Et géif de Moment gepréift ginn, ob dat mat ëffentleche Gelder kéint finanzéiert ginn, esou den Johnson den Dënschdeg géintiwwer dem Sender BBC.

De Big Ben gëtt zanter 2017 renovéiert, Ufanks waren d'Käschte fir d'Lauden nach op 140'000 Euro geschat ginn. Well awer en neie Buedem muss installéiert ginn, fir d'Klack lauden ze kënnen, hätten sech d'Käschte vervéierfacht.