NewsOfschoss am Iran: Boeing gouf vun 2 Rakéite getraff

Déi iranesch Fluchofwier huet wuel direkt zwou Rakéiten op déi ukrainesch Passagéiermaschinn mat 176 Mënschen u Bord ofgeschoss. Dat weist een neie Video.

Leschten Update: 15.01.2020, 09:54:13

© Akbar TAVAKOLI / IRNA / AFP

Nom Ofschoss vun enger ukrainescher Passagéier-Maschinn am Iran, soll ee weidere Video weisen, dass d’Maschinn vun zwou iranesche Rakéite getraff gouf. Dat mellt ënner anerem d’New York Times. Op de verschwommenen Opnamen ass deemno ze gesi wéi zwee Geschosser am Ofstand vun 20 bis 30 Sekonnen, de Fliger treffen. De Meldungen no goufen dës aus knapp 13 Kilometer Distanz vun enger iranescher Militärbase ofgeschoss.