News45 Millioune Mënschen an Afrika op Hëllef ugewisen

D'UNO geet vu 45 Millioune Mënschen am südlechen Deel vun Afrika aus, déi net genuch z'iessen hunn. An d'Situatioun soll sech verschlëmmeren.

Leschten Update: 16.01.2020, 18:31:18

© Jekesai NJIKIZANA / AFP

Wéinst Dréchent, Iwwerschwemmungen an Aarmut sinn am südlechen Deel vun Afrika der UN no ronn 45 Millioune Mënschen op Ernierungshëllef ugewisen.
D'Kris hätt en Ausmooss erreecht, dat bis ewell nach net do war, esou d'Regionaldirektesch vum Welternierungsprogramm Lola Castro den Donneschdeg. An alles géif dorop hiweisen, dass et nach méi schlëmm wäert ginn.

Eegenen Informatiounen no konnte bis ewell nëmmen 184 Millioune vun den néidege 438 Milliounen Euro fir d'Versuergung geséchert ginn.