NewsSchwéngspescht: Bréissel schwätzt vun 10 betraffe Länner

10 EU-Staate wiere vun der afrikanescher Schwéngspescht betraff, heescht et vun der EU-Kommissioun.

Leschten Update: 17.01.2020, 07:43:25

© JOEL SAGET / AFP

10 vun den 28 EU-Staaten sinn der EU-Kommissioun no vun der afrikanescher Schwéngspescht betraff. Concernéiert wieren Estland, Lettland, Litauen, Bulgarien a Rumänien wéi och Ungarn, Polen, d’Slowakei, Italien an d’Belsch. Der EU-Gesondheetskommissärin Kyriakides wier d’Seuch eng Erausfuerderung. Mat Hëllef vun de Mesure vun der Kommissioun an de Memberstaaten wier d’afrikanesch Schwéngspescht awer och op e puer Plazen an Europa beschränkt. An Tschechie wier d’Krankheet souguer ausgerott ginn.