NewsAustralien: Reen an e puer Bëschbränn-Regiounen

Iwwert e puer Bëschbränn an Australien huet et ugefaange mat reenen. Elo hoffen d'Pompjeeën, d'Flamen andämmen ze kënnen.

Leschten Update: 17.01.2020, 06:03:12

© SAEED KHAN / AFP

A verschidden Deeler vun de Bëschbränn-Gebidder an Australien huet et endlech gereent.  

Am Bundesstaat New South Wales, wou d’Feier am schlëmmste sinn, soll et gutt gereent hunn, heescht et vum lokale Wiederdéngscht. D’Bränn ginn doduerch net geläscht, mee mécht d’Aarbecht fir d’Pompjeeë méi einfach. Virum Reen waren zu New South Wales nach 30 Bëschbränn ausser Kontroll.

Och am Nopeschstaat Victoria huet et gereent, och och d’Loftqualitéit soll sech verbessert hunn. Fir de ganze Weekend ass weidere Reen gemellt  ginn.