NewsIrak: Awer blesséiert Zaldoten duerch iranesch Ugrëff

Bei den iranesche Rakéiten-Ugrëff d'lescht Woch op Militärbasen am Irak, sinn neisten Informatiounen no awer e puer US-Zaldote verwonnt ginn.

Leschten Update: 17.01.2020, 06:13:04

© AFP/File/Ayman HENNA

Bei de Rakéiten-Ugrëff vum Iran op US-Militärbasen am Irak goufen et wuel awer Blesséierter. Wéi et vum US-Verdeedegungsministère heescht, goufen 11 Zaldote wéinst enger Gehirnerschütterung behandelt. Nom Ugrëff hat d’US-Regierung gesot, dass et keng Affer gouf. Als Affer waren an der Vergaangenheet souwuel Doudeger wéi och Blesséierter bezeechent ginn. Op de Widdersproch higewisen, heescht et vum Pentagon, dass d’Symptomer bei den Zaldoten réischt e puer Deeg méi spéit opgetruede wieren.