NewsLéiweng: Police verhënnert Frontalkollisioun

D'Police konnt zu Léiweng nach sou just eng Frontalkollisioun verhënneren.

Leschten Update: 17.01.2020, 08:55:30

© ELdoradio

Zu Léiweng ass een Automobilist bal an ee Policewon gerannt. Wéi d’Police  schreift, waren d’Beamten an der Nuecht op e Freideg géint 01h30 an der Rue de Peppange ënnerwee, wéi hinnen een Auto op hirer Fuerspuer entgéint komm ass. D’Beamte konnten nach mat Zäiten auswäichen an een Accident verhënneren. Si sinn dem Won dunn nogefuer an hunn de Chauffer ugehalen. Den Alkoholtest war positiv. De Führerschäin gouf agezunn.