NewsDampentwécklung an engem Restaurant zu Eech

E Freideg de Moie gouf eng Dampentwécklung an engem Restaurant op der Place Dargent zu Eech gemellt. De Brand konnt kuerz viru Mëtteg geläscht ginn.

Leschten Update: 17.01.2020, 14:14:34

© Eldo Mobile Reporter

Op der Place Dargent zu Eech hat et e Freideg de Moie gebrannt. Wéi d'Police Eldoradio géintiwwer confirméiert hat, koum et kuerz virun 10 Auer e Freideg zu enger Dampentwécklung ënnert dem Daach vun engem Restaurant.

Am Bulletin vum CGDIS heescht et, datt eng Persoun blesséiert gi wier. Detailer goufe keng genannt. Wéi de betraffene Restaurant op hirer Facebooksäit matgedeelt huet, wäert een den e Freidegowend awer nees ophunn.