NewsOp e Neits Problemer mat der Software bei Boeing

Ewéi et vum amerikanesche Produzent heescht, géing een dru schaffen de Feeler ze behiewen.

Leschten Update: 18.01.2020, 08:39:37

© MARK RALSTON / AFP

Beim Passagéierfliger 737 Max vum amerikaneschen Hiersteller Boeing goufen op e Neits Problemer bei der Software festgestallt. Dat huet d'Firma gëschter hire Clienten a Fournisseuren ewéi och der Amerikanescher Agence fir Fluchsécherheet matgedeelt. Vu Boeing heescht et, dass een dru schaffe géing fir de Feeler ze behiewen. Weider heescht et, dass d'Sécherheet vun de Passagéier an d'Konformitéit mat de Virschrëften déi héchste Prioritéit hätten.