NewsBrexit-Party zu London geplangt

Ënnert anerem soll de Boris Johnson eng Ried halen an d'Regierung well eng speziell Serie vu Mënz eraus ginn.

Leschten Update: 18.01.2020, 09:41:42

© TOLGA AKMEN / AFP

Déi brittesch Regierung well den Austrëtt vum Vereenegte Kinnekräich aus der EU ewéi et ausgesäit grouss feieren. Um 31te Januar, dem Dag vum Austrëtt soll e Countdown op Fassade vum Büro vum Premierminister Boris Johnson projezéiert ginn an den Johnson soll eng Ried halen. Iwwerdeems well d'Regierung och eng speziell Serie u Mënz eraus ginn, mat deenen un den Austrëtt aus der EU soll erënnert ginn.

An enger offizieller Stellungnam vun der Regierung heescht et iwwerdeems, dass dat Vereenegt Kinnekräich um 31. Januar seng Onofhängegkeet géing zeréckkréien, an dass dësen Datum dowéinst e wichtege Moment an der brittescher Geschicht wier.