NewsNeit belaaschtend Material géint den Trump verëffentlecht

Aus Whatsapp-Noriichten a Fotoe soll ervirgoen, dass den Donald Trump Bescheed wosst, dass e Geschäftsmann an der Ukrain hätt solle belaaschtend Material

Leschten Update: 18.01.2020, 11:39:36

© NICHOLAS KAMM / AFP

Am Kader vun der Impeachment-Prozedur géint amerikanesche President Donald Trump hunn d'Demokraten elo weider belaaschtend Material verëffentlecht. Konkret soll et sech dobäi ëm Fotoen a Whatsapp-Noorichten handelen. Aus dëse soll ervirgoen, dass den Donald Trump Bescheed wosst, dass den an der Ukrain gebuerenen amerikanesche Geschäftsmann Lev Parnas an der Ukrain hätt sollen no Material hätt solle sichen dat dem Trump säi Konkurrent Joe Biden belaaschte kéint.