News30 Festname wéinst Bäihëllef zur illegaler Immigratioun

Bis zu 12.000 € hu Migranten enger Organisatioun a Spuenie bezuelt, fir dass dës zivil Partnerschaften tëscht hinnen a spuenesche Fraen arrangéiert huet.

Leschten Update: 18.01.2020, 12:16:42

© Screenshot Youtube.com

A Spuenien goufen 30 Persoune wéinst Bäihëllef zu illegaler Immigratioun festgeholl. Dat deelt Europol um Samschde mat. Dobäi handelt et sech ëm Membere vun enger krimineller Organisatioun. Dës sollen zivil Partnerschaften tëscht spuenesche Fraen a Migranten arrangéiert hunn. Duerch dës Partnerschaften hätten d'Migrante sollen un Openthaltsgeneemegunge kommen. Dofir hunn si der Organisatioun tëscht 8.000 € am 12.000 € bezuelt. D'Fraen, déi alleguer Membere vun der Organisatioun ware, kruten 3.000 € dofir, dass si esou eng Partnerschaft gaange sinn. Iwwerdeems goufen am Kader vun de Festnamen en Auto, iwwer 10.000 € Boergeld an eng sëllegen Dokumenter beschlagnaamt.