NewsAlkoholiséierte Chauffer weist Polizisten de Mëttelfanger

Zu Réimech huet en Automobilist enger Patrull de Mëttelfanger gewisen. Zu Garnech an zu Kielen gouf an Haiser agebrach.

Leschten Update: 18.01.2020, 13:12:54

© Eldoradio

E Freiden Owend, respektiv e Samschden an der Nuecht goufen et eng Partie Virfäll am Zesummenhang mat Alkohol um Steier:

 

Um 19h45 e Freiden Owend war an der Tréierer Strooss zu Gréiwemaacher e Camion am Zickzack ënnerwee. De Chauffer hat ze vill gedronk a krut de Führerschäin ofgeholl.

um 01h40 e Samschde Moie war op der selwechter Plaz en Auto opgefall deen am Zickzack gefuer ass. Och de Chauffer vum Auto hat ze vill gedronk a krut säi Führerschäin ofgeholl.

Op der Kräizung tëscht der N10 an der Esplanade zu Réimech hat um 02h25 en Automobilist enger Patrull vun der Police iwwert dem Fueren de Mëttelfanger gewisen. Kuerz dorop huet de Mann virun engem Café geparkt. Ewéi d'Beamten hien doropshi kontrolléiert hunn, huet sech erausgestallt, dass géint hien e Fuerverbuet virlouch. Ausserdeem hat de Mann ze vill gedronk. Hie gouf protokolléiert.

Um 03h15 krut zu Diddeleng an de Diddenuewener Strooss e Chauffer de Führerschäin ofgeholl well hien ze vill gedronk hat.

Um 05h00 war enger Patrull vun der Police an der rue Pasteur an der Stad e Gefier opgefall dat bei lafendem Moto mat 2 Pneuen um Trottoir stoung. Ewéi d'Beamten d'Gefier kontrolléiert hunn, hunn si festgestallt, dass de Chauffer grad dobäi war e Pneu ze wiesselen. De Mann huet no Alkohol geroch. Well den Alkoholtest positiv war gouf de Führerschäi vum Mann agezunn.

 

Iwwerdeems ass et zu 2 Abréch komm:

 

Géint 20h00 e Samschden Owend gouf an en Haus zu Garnech agebrach. Ëm 21h15 gouf en Abroch an en Haus zu Kielen gemellt. Béid kéieren huet d'Police mat Patrullen, dem Policehelikopter a Policehënn no den Abriecher gesicht. Béid Kéiere konnten d'Abriecher net fonnt ginn.