NewsKee Party-Tourismus méi zu Mallorca

Bei enger Sëtzung huet d’Regionalregierung vun de spuenesche Balearen entscheet, de Party-Tourismus drastesch wëllen ze bekämpfen.

Leschten Update: 19.01.2020, 11:31:43

© BEN STANSALL / AFP

Betraff sinn d’Insele Mallorca, Menorca an Ibiza. Dobäi soll den Alkoholverkaf no 21h30 verbuede ginn, an och an de Restaurante sollt de Konsum erofgeschrauft ginn. Deemno wieren nëmmen nach 3 Gedrénks op de Kapp erlaabt.

Wien dat vun de Restauranten a Caféen op der Plaz net respektéiere géing, misst mat Geldstrofen an Héicht vu bis zu 60.000 Euro oder engem Lizenz-Entzuch rechnen.