NewsQueen Elizabeth ënnerschreift Brexit-Gesetz

Elo muss d'Europaparlament den 29. Januar dem Gesetz zoustëmmen, fir datt d'Groussbritannien d'EU den 31. Januar verloosse kann.

Leschten Update: 23.01.2020, 17:05:41

© AFP/File/Kenzo TRIBOUILLARD

A Groussbritannien huet d'Brexit-Gesetz déi lescht formell Hürd geholl a gouf en Donneschdeg vun der Queen ënnerschriwwen. Dat huet de Brexit-Minister Steve Barclay op Twitter matgedeelt. Dat brittescht Parlament hat den Text e Mëttwochowend endgülteg ugeholl. Elo muss nach d'Europaparlament den 29. Januar dem Accord zoustëmmen, fir datt Groussbritannien zwee Deeg drop d'EU verloosse kann. D'Iwwergangsphas geet bis den 31. Dezember.