News23 Migranten an engem Kill-Camion entdeckt ginn

Zu Zeebrügge ass ee Kill-Camion mat 23 Migranten u Bord entdeckt ginn. Ënnert de Migrante waren 3 Fraen.

Leschten Update: 24.01.2020, 05:46:26

© dpa / AFP / Archiv / Hauke-Christian Dittrich

An der Belsch sinn 23 Migranten an engem Kill-Camion endeckt ginn. Wéi et vum Parquet zu Brügge heescht, géif kee vun de Mënschen a Liewensgefor schwiewen. Si kéimen aus dem Eritrea an aus dem Sudan.

D’Migranten waren zu Zeebrügge endeckt ginn, wéi de Camion ausgeluede gouf. Et geet een dovunner aus, dass d’Migranten an der Géigend vu Léck an de Camion geklomme sinn, an der Hoffnung a Richtung Groussbritannien ze fueren.

Groussbritannien ass ee beléift Zil vu Migranten, déi an Europa kommen. Am Oktober waren a Groussbritannien 39 Vietnamesen u Bord vun engem Killcamion gestuerwen.