NewsVon der Leyen a Michel ënnerschreiwe Brexit-Accord

De Freideg de Mueren hunn d'Kommissiounspresidentin an de Rotspresident de Brexit-Accord ënnerschriwwen an de Wee fräi fir d'Ratifizéierung gemaach.

Leschten Update: 24.01.2020, 12:13:38

© FREDERICK FLORIN / AFP

Eng Woch virum Brexit hunn d'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen an de Rotspresident Charles Michel d'Ofkommes fir den Austrëtt vu Groussbritannien aus der EU ënnerschriwwen. Dat huet d'Kommissiounspresidentin de Freideg de Muere via Twitter geschriwwen.





Domat ass de Wee fräi fir d'Ratifizéierung duerch d'EU-Parlament den 29. Januar. Via Twitter huet de Rotspresident iwwerdeems geschriwwen, dass d'Frëndschaft mat Groussbritannien trotz Ännerunge wäert bleiwen.





Schonn den Donneschdeg hat zu London d'Kinnigin Elizabeth II. d'Brexit-Gesetz ënnerschriwwen. Den 31. Januar trëtt Groussbritannien jo dann aus der EU aus.