News3 Täter no Abroch an Tankstell zu Wolz geflücht

Géint 3 Auer an der Nuecht op dëse Freideg gouf an der Rue du 10 Septembre zu Wolz an eng Tankstell agebrach.

Leschten Update: 24.01.2020, 11:30:36

© Eldoradio

Géint 3.00 Auer an der Nuecht vun den Donneschdeg op e Freideg waren 3 Onbekannter an eng Tankstell an der Rue du 10 Septembre zu Wolz agebrach. Éischten Ermëttlungen no hunn déi 3 sech duerno mat engem VW Golf mat belsche Placken duerch d'Bascht gemaach.
De Won gouf duerno tëscht Déierbech, respektiv der Schleef an Uewerwampech verlooss opfonnt.

Trotz der Zesummenaarbecht mat der belscher Police konnten Täter net fonnt ginn.

Täterbeschreiwung:
Déi 3 Männer hate schwaarz Jacketten un, dovun hat eng wäiss Sträifen op den Äerm. Zwee Männer haten eng schwaarz Box un, deen drëtten hat eng gro Box an opfälleg rout Schong un. Deemno sicht d'Police no Zeien, all Hiweiser si fir de Commissariat des Ardennes ënnert dem Tel.: 244891000.