NewsSechsfache Mord zu Rot am See: Schëllegen am Prisong

Zu Rot am See koum et e Freideg zu enger Schéisserei. 6 Persounen hunn net iwwerlieft. De Schëllege koum e Samschdeg an de Prisong.

Leschten Update: 25.01.2020, 17:33:19

© Sven KOHLS / DPA / AFP

Nom sechsfache Mord zu Rot am See a Baden-Württemberg e Freideg huet de Parquet en Haftbefeel wéinst Mord a Mord-Versuch an zwee Fäll ugefrot. Dëse gouf och direkt ëmgesat, de Schëllege sëtzt nämlech am Prisong. Dat huet d’Police vun Aalen e Samschdeg de Mëtteg an engem Communiqué matgedeelt. Dem 26-järegen Täter gëtt virgeworf seng Elteren, Stéifgeschwëster a seng Tatta a säi Monni  ëmbruecht ze hunn. D’Ermëttlunge lafen nach.





Zu den Hannergrënn ass net vill gewosst. D'Police hat matgedeelt, datt ee "Beziehungsverhältnis" géif virleien. 
An aneren däitsche Medien ass ze liesen, datt wéinst engem Familljesträit zur Dot komm wier. 




© Marijan Murat / DPA / AFP


E Samschdeg de Moie sinn dann op en neits Schëss zu Rot am See gemellt ginn. De Verdächtegen hat sech an enger Wunneng verschanzt mee konnt awer festgeholl ginn. Ee Spezialkommando war och op der Plaz. Et soll och kee blesséiert gi sinn. An engem neie Communiqué huet d’Police matgedeelt datt den 38-järege Mann psychesch Problemer huet. Deemno gouf hien an eng Klinik bruecht. Een Zesummenhang mam sechsfache Mord konnt ausgeschloss ginn.