NewsAlkoholiséierte Chauffer schléift hannert Steier an

An der Stad war enger Policepatrull en Auto opgefall, deen trotz grénger Luucht, op der Kräizung stoe bliwwen ass.

Leschten Update: 24.01.2020, 15:20:26

© Eldoradio

Op der Kräizung Rue Bender mat der Rue du Laboratoire war enger Policepatrull an der Nuecht op e Freideg e Chauffer opgefall, deen nodeems d'Luucht op Gréng gewiesselt hat, mat sengem Auto stoe bliwwen ass.

Bei der Kontroll hunn d'Beamte festgestallt, datt de Chauffer bei lafendem Motor an ageluechtem Gang hannert dem Steier ageschlof war. Nodeems d'Polizisten e puer Mol widder d'Fënster geklappt hunn, ass de Chauffer erwächt.

Den Alkoholtest war positiv an de Mann krut de Führerschäin ofgeholl. Donieft hunn d'Beamte festgestallt, datt den Auto keng Wanterpneuen drop hat.