NewsDoudesfäll duerch de Coronavirus klamme weider

56 Leit si bis ewell um Virus gestuerwen, 2000 Leit infizéiert.

Leschten Update: 02.02.2020, 16:08:39

© HECTOR RETAMAL / AFP

D’Zuel vu Doudesfäll duerch de Coronavirus (och oft mam SARS Virus verglach) ass op 56 geklommen. Kanada huet iwwerdeems deen éischten  Infektiounsfall bekannt ginn.

D’World Health Organization soll bis ewell awer ëmmer nach keng international Noutlag ausgeruff hunn, de Risiko a China wier op regionalem Niveau zwar héich, op globalem Niveau éischter moderat.

Déi chinesesch Regierung bereet eng Krisesëtzung vir. D’Klinicke sinn, Aussoe vu verschiddene Medien no, „iwwerfuerdert“. Zwou nei Klinicke mat bis zu 2300 Better sollen elo zu Wuhan gebaut gi – dat esou séier wéi méiglech. 40 Millioune Mënschen an 12 betraffene Regioune sinn am Kader vun enger Quarantaine vun der Aussewelt ofgeschott gi fir déi weider Ausbreedung vum Virus anzedämmen.

Verschidde Länner , bereeden iwwerdeems och e Rapatriement vun hire Bierger vir. D’USA soll schonn domat ugefaangen hunn US-Bierger aus Wuhan op San Fransisco fléien ze loossen.