News35 Doudesaffer no Äerdbiewen an der Tierkei

E Sonnde Moien ass de Bilan vun den Doudesaffer no engem Biewen an der Tierkei op 35 geklommen. Rettungsaarbechte lafen nach.

Leschten Update: 26.01.2020, 12:55:29

© ILYAS AKENGIN / AFP

No engem staarke Biewen (Wäert op der Richterskala vu 6,5) am Oste vun der Tierkei ass d'Zuel vun den Doudesaffer geklommen.

35 Persoune sinn em d'Liewe komm, 1600 goufe blesséiert.

Am Laf vun de Rettungsaarbechte konnte  bis ewell allerdéngs och 45 Persoune gerett ginn. No weideren Iwwerliewende gëtt och um Sonnden nach gesicht. Déi däitsch Bundeskanzlerin Merkel huet dem tierkesch Präsident Erdogan Hëllef aus Däitschland ugebueden.