News 76 Meter laang Boeing flitt fir déi éischte Kéier

Dee weltgréisste Jet mat zwee Triebwerker ass zu Seattle gestart a 4 Stonne laang geflunn.

Leschten Update: 26.01.2020, 12:55:16

© JASON REDMOND / AFP

D'Boeing 777X huet mat Succès hiren éischte Flug iwwerstanen. 252 "feet", also ca 76 meter laang ass d'Boeing. Domat soll den Jet dee gréisste kommerzielle Passagéierfliger sinn.

309 Exemplaire vun der Boeing 777X si scho verkaf, ënner anerem och un d'Fluggesellschaft Emirates. D'Aféierung op de Marché huet bis ewell misse verréckelt ginn, dat wéinst technesche Problemer.

D'Maschinn soll bis zu 425 Passagéier kenne mathuelen, dat iwwer Distanze vu bis zu 7600 "nautical miles", ëmgerechent ca. 14075 km.