NewsItalienesch Stad verkeeft 1 Euro Haiser

An der italienescher Stad Bisaccia sollen et elo Haiser fir 1 Euro ze verkafe ginn. Dobäi gëtt et natierlech een Hoken.

Leschten Update: 26.01.2020, 12:54:38

© Pixabay

Bisaccia ass e klengt Stiedchen am Süde vun der Küsteregioun Campania. Mat 3800 Awunner ass d'Stiedchen allerdéngs och net terribel peupléiert, ënner anerem och wéinst enger Rei vun Äerdbiewen an den 1980er. 

D'Haiser an der Alstad ginn et fir e schlappen Euro ze verkafen, sinn awer deelweis staark erofkomm. Renovéierungsaarbechte missten deemno aus eegener Täsch bezuelt ginn. Genau Reglementatiounen (wéi vill investéiert  gëtt a wéi laang geschafft dierf ginn) gëtt et awer am Kader vun de Renovatiounsaarbechte keng, wat de Verkaf mi liicht maache soll. Ideal wier och, de lokalen Autoritéiten no, wa Famillje géifen aplënneren, vill Haiser wieren eng unenee gebaut a géifen sech deelweis eng Entrée deelen.