NewsVulkan-Alerte fir d'Philippinnen erofgesat

Nodeems e Vulkan südlech vun der philippinnescher Haaptstad Manila aktiv ginn ass hunn dausende vu Leit missen evakuéiert ginn.

Leschten Update: 26.01.2020, 11:35:58

© ED JONES / AFP

376.000 Duerfbewunner südlech vu Manila hu missten hiert doheem verloossen, dat well de Vulkan zu Taal ugefaangen huet Äschen, Damp a Fielsbrocken auszestoussen. Bei der Eruptioun den 12. Januar si keng Mënschen zu Schued komm. Nodeems d'Alerte fir de Vulkan erofgesat ginn ass, dierfen déi betraffe Persounen nees zeréck heem.