NewsNeie Video belaascht den Trump an der Ukrain-Affär

Am Kader vun engem Spenden-Iesse soll eng belaaschtend Opnam vum US-President Trump gemaach gi sinn.

Leschten Update: 26.01.2020, 12:53:46

© NICHOLAS KAMM / AFP

Den Trump soll wärend engem Iesse gefuerdert hunn, déi fréier Ambassadrice Marie Yovanovitch zu Kiew ze entloossen. Si sollten se "lassginn" sou den US-President. Dat ass dann och ee Joer méi spéit esou geschitt. Weider Video-Opname sollen ëm deen Zäitraum entstane sinn, déi un d'Press gerode kéinten, sou CNN.

De Video belaascht den US-President zousätzlech matzen an der Impeachment-Prozedur.