NewsNo Kläpperei a Clausen sicht d'Police no Zeien

An der Nuecht vun e Samschden op e Sonndeg koum et a Clausen zu enger Kläpperei. Eng Persoun gouf blesséiert.

Leschten Update: 26.01.2020, 21:30:23

© Police / Eldoradio

D'Police sicht no Zeien, nodeems et géint 3 Auer 30 e Sonndeg de Moien zu enger méi schroer Kläpperei a Clausen koum. Eng Persoun gouf méi uerg blesséiert. Zwee Männer sollen d'Affer an engem Parking geschloen hunn, wouropshin d'Persoun gefall ass. 

Déi zwee Männer goufe kuerz drop festgeholl.

Eng blond Fra soll dat Ganzt observéiert hunn. Dës wéi all aner Zeien solle sech bei der Stater Police mellen (Tel: 244 40 1000).