NewsStuerm: Annulatiounen an Upassunge bei ville Servicer

Wéinst dem erwaarte Stuerm vun e Sonndeg op e Méindeg ginn et Ännerunge bei verschiddene Servicer.

Leschten Update: 10.02.2020, 13:37:34

© Pexels.com - Skitterphoto

Um Méindegmoien goufen eng ganz Partie Flich annuléiert, hei informéiert een sech am beschten bei LuxAirport iwwert säi Vol.

E Sonndegowend hunn d'CFL matgedeelt, dass et wéinst dem Stuerm zu Problemer um Zuchreseau ka kommen. Et soll een am Viraus nokucken, wéini d'Zich fueren a op wéi enge Linnen et Problemer ginn, dat zum Beispill um CFL-Internetsite, an der CFL-App oder op Twitter. Wéi op Twitter ze liese ass goufe schonn e Sonndegowend eng Partie Zich gestrach, hate Verspéidung oder si just limitéiert gefuer.



Wéi d'Gemeng vun Ettelbréck géintiwwer Eldoradio confirméiert huet gouf e Sonndeg um 18h00 de Parking Däich zougemaach. Zougemaach gëtt um Méindeg och de Park Neuman um Lampertsbierg.

D’Post hat annoncéiert, dass d’Zeitungen an der Nuecht op e Méindeg net verdeelt ginn, mee sollen en Dënschdeg geliwwert ginn. D’Verdeelung vum normale Courrier a vu Päck kéint och vu Retarde betraff ginn.










D'Gemeng Diddeleng deelt da mat, dass d'Valorlux-Tuten den 10. Februar net ofgeholl ginn. En neien Datum géif de Bierger matgedeelt ginn.





Wéinst dem erwaarte Stuerm gouf och d'Aweiung vun den neien Ambulanzen um Méindeg ofgesot. Dat deelt de CGDIS mat. En neien Datum gëtt an den nächsten Deeg matgedeelt.

D'Escher Gemeng deelt mat, dass d'Tournée A vun der groer Poubelle e Méindeg annuléiert gëtt a rifft d'Leit dozou op hir Poubellen dobannen ze loossen.

D'Waasserverwaltung huet e Sonndeg de Mëtteg matgedeelt, dass mat enger Gefor vu liichten Iwwerschwemmunge gerechent gëtt, déi keen uerge Schued uriichte wäerten. Dëst betrëfft d'Sauer, d'Uelzecht, d'Kor an d'Sir.

Liest hei de Communiqué: 

Message d'ouverture phase de pré-alerte de crue – bassins Sûre, Alzette, Chiers et Syre

Le service de prévision des crues (SPC) de l'Administration de la gestion de l'eau entre en phase d'pré-alerte.

Risque de crues mineures, n’entraînant pas de dommages significatifs, mais nécessitant une vigilance particulière dans le cas d’activités saisonnières et/ou exposées.

Actualisation en cas de changement de la situation.

Veuillez trouver en annexe le bulletin de crue sur la situation actuelle des cours d'eau.

Les niveaux d’eau ainsi que les prévisions sont actualisés sur le site internet www.inondations.lu.

Eröffnungsmeldung Hochwasservorwarnbereitschaft – Einzugsgebiete Sauer, Alzette, Chiers und Syre

Das Hochwasservorhersagezentrale (HVZ) der Administration de la gestion de l'eau beginnt mit der Vorwarnbereitschaft.

Es besteht die Gefahr von leichten Überschwemmungen, die keinen signifikanten Schäden verursachen, aber besondere Wachsamkeit bei saisonalen und / oder exponierten Aktivitäten erfordern. 

Aktualisierung bei Änderung der Lage.

Anbei der Hochwasserlagebericht zur aktuellen Lage an den Gewässern.

Aktuelle Pegelstände und Vorhersagen sind der Internetseite www.inondations.lu zu entnehmen.