NewsBernie Sanders wënnt Virwalen am Bundesstaat New Hampshire

De Bernie Sanders huet bei den Demokraten d'Virwalen am US-Bundesstaat New Hampshire gewonnen.

Leschten Update: 12.02.2020, 06:48:01

© AFP/Joseph Prezioso

Bei den US-Virwale vun den Demokraten am Bundesstaat New Hampshire huet de Senateur Bernie Sanders gewonnen. De 78 Joer ale Bernie Sanders kritt ronn 26 Prozent vun de Stëmmen. De Pete Buttigieg deen d'Virwalen am Iowa gewonnen huet kënnt op 24 Prozent. De fréiere Vize-President Joe Biden läit wäit zeréck a kënnt op Plaz 5.

Déi nächst Méint geet et mat de Virwale virun. Am Juli wëllen d’Demokraten dann offiziell decidéieren, wie fir si an d’Presidentschafts-Course géint den aktuellen US-President Donald Trump geet. Och bei de Republikaner ginn et Virwalen, déi bis ewell wéi erwaart den Trump gewonnen huet, hien huet keng wierklech Konkurrenz.