News"COVID-19": Den neie Coronavirus huet elo een Numm

Duerch den neie Virus si mëttlerweil méi wéi 1.100 Mënsche gestuerwen, iwwer 45.000 Mënschen hunn sech domat ugestach.

Leschten Update: 12.02.2020, 08:07:05

© AFP/STR

En Dënschdeg war grouss Experteronn zu Genève, wou iwwert den neie Coronavirus berode gouf. D'Weltgesondheetsorganisatioun WHO hat dozou opgeruff.

Zënter en Dënschdeg huet d’Longekrankheet dann offiziell een Numm nämlech „COVID 19“. Den Numm gëtt also ofgeleet vu Corona, Virus an Disease, ergänzt ëm d’Joer wou de Virus entdeckt ginn ass.

Lauschtert hei d'Erklärung vum Direkter vun der Weltgesondheetsorganisatioun: